De Bauer sicht (k)eng Fra
E lëschtegt Stéck an dräi Akten
(Handylust und Handyfrust von Wolfgang Bräutigam)
fräi iwwersat op lëtzebuergesch vum
Annette Kreis-Licini, Christiane Schmit-Biewer a Christiane Zacharias-Hansen
Ëm wat geet et?
De Bauer hält net vill vum technesche Fortschrëtt. Virun allem fënnt hien den Handy geféierlech fir Kierper a Séil.
Seng Famill gesäit dat anescht a benotzt äifreg déi nei Technologien. An elo léisst och nach säin Noper e Mast fir eng Handysantenne opriichten.
De Kniecht um Haff kënnt bei der Mod net esou richteg un an dofir huet e sech bei “Bauer sicht Fra” ugemellt.
Fir senger Famill eng auszewëschen, huet de Bauer sech an enger anerer Fernsehsendung ugemellt.
Et kënnt wéi et komme muss, de Chaos ass perfekt.
Op de Mast stoe bleift, d’Fernsehsendung en Erfolleg gëtt an d’Këppelcher richteg zesumme kommen, dat verrode mer iech, wann der kucke kommt.
Persounen:
| Aly Feller | Bauer, géint de Fortschrëtt | Romain Hoffmann |
| Irène Feller | dem Aly seng Fra | Solange Krieger-Faust |
| Luc Feller | hire Jong | Pascal Theodor |
| Sonja Feller | hiert Meedchen, Computerspezialistin | Anne Blau |
| Madeleine Schuh | dem Irène seng Mamm | Annette Kreis-Licini |
| Jupp Mathes | Kniecht | Marc Mergen |
| Fini Michels | Baueremod | Christiane Schmit-Biewer |
| Daniel Schwarz | Veterinär | Georges Kuhn |
| Isabelle Wirion | Chefin vun enger Castingfirma | Nadine Kuhn-Metz |
| Souffleuse: Christiane Zacharias-Hansen | ||
| Grimage: Elsy Krebs | ||
| Régie: Carlo Lecuit | ||
