Alles Bio, ... oder?
E lëschtege Schwank an dräi Akten
vum Bernd Gombold,
fräi op lëtzebuergesch iwwersat vun der Theater Equipe:
Annette Kreis, Christiane a Robert Schmit, Christiane Zacharias
Ëm wat geet et?
De Geméisbauer Fränz ass verzweiwelt. Hien a seng Fra schaffe sech dout, mee kréie mat knapper Nout d’Enner beieneen. Ëmmer méi Cliente kafe bei der Nopesch. Déi huet op Bio Geméis a chinesesch Heelkonscht gesat a verdéngt sech domat eng gëllen Nues.
Do kënnt d’Propos, eng nei Geméiszort unzebauen fir domat seng Finanzen opzebesseren, dem Fränz méi wéi geleeën.
Kritt en domat säi Geschäft nees un d’Lafen?
Léist e sengem Frënd Giovanni seng Problemer mat der Léift?
A wat ass mat deem ominéise Ricardo?
Dat alles, an nach méi, gitt dir gewuer zu Schëffleng am Theater vun der CMS.
Et spille mat:
| Fränz Peffer | Geméisbauer | Romain Hoffmann |
| Josette Peffer | seng Fra | Nadine Kuhn |
| Maja Majerus | Nopesch an Ökobauer | Christiane Schmit |
| Jean-Baptiste Majerus | hire Mann | Georges Kuhn |
| Giovanni Tomasini | Pizzabäcker | Marc Mergen |
| Lucia Tomasini | seng Fra | Danielle Hoffmann |
| Jacqueline Du Four | eefälleg Cliente | Anne Blau |
| Berti Tosseng | huet eng Epicerie | Nathalie Hansjosten |
| Ricardo | en zwielichtege Kärel | Sven Doffing |
| Jules Möller | Softie | Germain Doffing |
| Souffleuse: Christiane Zacharias | ||
| Régie: Carlo Lecuit | ||
