Léien datt d'Fatze fléien
geschriwwe vum Walter G. Pfaus
fräi iwwersat vum Annette Kreis, Christiane Zacharias, Robert Schmit a Christiane Schmit-Biewer
Ëm wat geet et?
De Leo Bertemes, e klenge Staatsbeamten, genéisst säin einfacht gemittlecht Liewen.
Seng Fra d’Brigitte ass mat där Situatioun net zefridden a wëll méi héich eraus an dofir ass him all Mëttel Recht.
Vill Ligen, gutt Frënn, onerwaarte Besuch bréngen d’Situatioun ëmmer méi duercherneen.
Op dat gutt ausgoe kann ?
Dat gitt der op deenen zwee leschte Weekender am Januar 2018
zu Schëffleng am Hall Polyvalent gewuer.
Et spille mat:
| Leo Bertemes | Staatsbeamten | Romain Hoffmann |
| Brigitte Bertemes | seng Fra | Christiane Schmit-Biewer |
| Claude Frising | dem Leo säin Aarbechtskolleg | Jeffrey Rausch |
| Lisa Frising | dem Claude seng Fra | Nathalie Hansjosten |
| Alex Mendes | e lëschtege Kärel | Georges Kuhn |
| Erna Bertemes | dem Leo seng Mamm | Danielle Hoffmann |
| Tatta Rita | dem Brigitte seng Tatta | Nadine Kuhn / Solange Krieger |
| Jim Sadler | en Abriecher | Sven Doffing |
| Paul Scharpannchen | e schrullegen Noper | Germain Doffing |
| Regie: Carlo Lecuit | ||
