Salem aleikum

geschriwwe vum Tobias Siebert
fräi op lëtzebuergesch iwwersat vum: Annette Kreis, Christiane & Robert Schmit a Christiane Zacharias

Wann Der Tickete wëllt bestellen, da klickt HEI.

Ëm wat geet et?

D’Virbereedunge fir d‘Kulturjoer 2022 lafen op Héichtouren. Déi ganz Regioun Süden ass gefuerdert, also och Schëffleng.

De Projet steet ënner dem Motto: Vermëschung vun de Kulturen.

Do läit et op der Hand, datt probéiert gëtt, finanzkräfteg Auslänner, virun allem aus der arabescher Welt, unzelackelen.

Ob déi Rechnung opgeet, gesitt Der am neien Theaterstéck vun der CMS am Hall Polyvalent zu Schëffleng.

 

Freideg, 24. Januar 20.00 Auer
Samschdeg, 25. Januar 20.00 Auer
Sonndeg, de 26. Januar 15.30 Auer
   
Freideg, 31. Januar 20.00 Auer
Samschdeg, 1. Februar 20.00 Auer
Sonndeg, 2. Februar 17.00 Auer

Mir freeën eis op Äre Besuch.

******

Et spille mat:

Manni Defays als Olivier Renaud, Mathematikstudent

Nathalie Hansjosten als Sandy Trausch, dem Lotti seng Duechter

Danielle Hoffmann als Lotti Trausch, Wiertsfra

Romain Hoffmann als Paul Sadler, Buergermeeschter

Georges Kuhn als Richard Renaud, räiche Konschthändler

Nadine Kuhn als Tania Maart, geckeg Reporterin

Anne Lecuit als Brenda Barthel, Teenager

Jeffrey Rausch als Max Barthel, Garçon am Wiertshaus

Christiane Schmit als Léonie Ducollier, Kënschtlerin

Nora Schmit als dem Brenda seng Frëndin, Teenager

Pascal Theodor als Luss Barthel, dem Max säi Monni

******

Pësperkëscht: Christiane Zacharias

Maquillage: Elsy Krebs

Bühnebild: Carlo Lecuit

Bühnebau: Gilbert Giannessi, Mett Kayser, Metty Winandy an hier Equipe

Luucht: Alex Miranda

Toun: Steve & Sam Nilles an hier Equipe

Regie Assistenz : Trudchen Adamy

Regie: Carlo Lecuit